Header Background
Back

Agent pédagogique/Educateur diplômé (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI 75%-80%

Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique

Online since27.01.2026
Agent pédagogique oder Educateur diplômé (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI 75%-80%

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt zwee Agents pédagogiques (C3) oder Educateurs diplômés (C4) fir hieren Familjenstärkungsdëngscht CDI 75% - 80%

Är Aufgaben:

Dir iwwerhuelt d'ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill a schwierege Liewenssituatiounen
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l'Enfance (mesure 8.1)
Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun

Äre Profil:

Dir hutt en unerkannten Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »
Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes bis a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.
Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
Dir hutt e Führerschäi B an een eegenen Auto

Mir bidden:

Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 oder C4 laut Diplom)
Sympass Kaart.

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

Liewenslaf mat Foto
Motivatiounsbréif
Kopie vum Diplom
Autorisation d'exercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Proposed contract:
Number of positions :2
Contract type:CDI
Job location : MERSCH
Hours per week : 30 h
Required profile:
Car required : Yes
Driver's licence :B
Required languages : Luxembourgish - C
German - C
French - C
Contact :
  • 5,Rue Hermann Gmeiner
    L-7534Mersch
How to apply :
Back to Top
CIM LOGO